|
|
|
30/04/12
|  (Foto: Pit Becker) | Den Monsieur Ewen Victor vu Reckeng op der Mess huet säin 85. Anniversaire gefeiert. Bei dëser Geleeënheet huet de Buergermeeschter Carlo Muller zesummen mam Scheffen Lucien Franck an am Krees vun der sympathescher Famill, dem Jubilar am Numm vun alle Bierger aus der Gemeng Reckeng op der Mess mat engem Blummenarrangement gratuléiert. |
29/04/12
|   | Am Kader vum Centenaire vun den Ehlenger Pompjeeën gouf dëse Sonnden den 29. Abrëll a Präsenz vum Schäfferot an de Gemengevertrieder, d’Vertrieder vum Pompjeeë National- & Kantonalverband, d’Nopesch-Corps, d’Giedelen & Pätteren (vum Fändel) souwéi lokal Veräiner de neien Fändel ageweiht. Merci un d’Pompjeeën fir déi flott Feier, awer virun allem fir di 100 Joër geleeschten Dingschter am Asatz & Interesse vun der Allgemengheet. Weider Informatiounen & eng Iwwersiicht iwwert de Programm vum Centenaire: www.spe.lu - voir les fotos |
23/03/12
 | D'Schoulkanner aus der Gemeng Reckeng haten den 23. März 2012 op hieren traditionellen Fréijorsmaart invitéiert. - voir les photos |
20/03/12
| .jpg?FileID=photos%2fscheckiwwerreeschung%2520(1).jpg) | Den Cycle 4.1. an den Cycle 4.2. vun der Reckenger Primärschoul, huet läscht Schouljoër jeeweils während enger Woch Zoppen an der Paus verkaaft. Insgesamt goufen 900 Zoppen fir jeeweils 50 Cents verkaaft. Dem Cycle 4.1. war dat nach net genuch, an Si hunn an enger 2. Aktioun duerch den Verkaf vun Bläistëfter (dëst an Zesummenaarbecht mat der Amicale "Les Amis de l'Ecole") den Schoulkanner am Niger zu neiem Schoulmaterial verhollef! Mat den Bläistëfter zesummen huet d'5. Schouljoer (Cycle 4.1.) de Montant vun 738,45.- € an d'6. Schouljoer (Cycle 4.2.) den Montant vun 244,57.- € fir dëse gudden Zweck gesammelt! An Präsenz vum Carlo Muller (Buergermeeschter), Tolksdorf Christian (Schäffen an Präsident vun der Schoulkommissioun), dem Nicolas Georges (Präsident vum «Comité d’Ecole») an dem Claudia Schumacher (Enseignante) hun déi 2 Klassen ganz houfreg dem John Bertrand vun der ONGD «Guiden an Scouten fir ENG Welt» déi 2 Schecken iwwerreecht ! En plus fir dat Ganzt nach méi wäertvoll fir d'Kanner ze man, hat den John Bertrand schonns am Laf vum Joer mam « Chaibou » Besuch aus dem Niger matbruecht an konnt den Kanner vun sengen Erfahrungen erzielen. D’Gemeng Reckeng an hier Matbierger sinn houfreg op hier Schoulkanner, d’Elteren an hiert Léierpersonal déi des Aktioun an d’Liewen geruff hun oder ënnerstëtzt hunn! Bravo ! Weider Informatiounen zum Projet: http://lgs.lu/ONG |
02/03/12
 | Déi lokal Sektioun vun “Natur an Ëmwelt”, mat der Ënnerstëtzung vun der Kultur- an der Ëmweltkommissioun, hat op e flotte Virtrag bei Geleeënheet vun hirer Generalversammlung den 2te Mäerz 2012, invitéiert. De Virtrag “Natur an Ëmwelt a Finnland” gouf gehale vum beschtbekannten Ornitholog a laangjärege Präsident vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, dem Ed. Melchior. Him e grousse Merci; hien huet eis d’Natur aus Skandinavien e bësse méi no bruecht. |
29/02/12
 | Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg deen doran besteet,fir de Sonndeg no der Fuesend (also den 1. Faaschtsonndeg och nach Buergsonndeg genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolescht «Verbrenne vum Wanter» duerstellt. Dësen Brauch gëtt elo schonns zënter 1985 zu Lampech opriicht erhalen. +-30 Fliichteschësser hunn an +-20 Stonnen Aarbecht des 27. Editioun erméiglecht, fir dass et um Punkt 19h00 vum Veräinssall "A Millesch" traditionell mat engem Fakelzuch Richtung Lampecher Kopp konnt fort goen, wou dann och géint hallwer 8 di jonkst bestueten Koppel aus Lampech den Herr an d’Madame Bossler des Buerg ugefangen hunn. Bei engem gudden Wupp an dem Een oder Aneren Pätschen Glühwäin huet een (selbstverständlech nëmmen duerch d'Hetzt vum Féier) dat Gefill gehat den Fréijoerstemperaturen schonns e bëssi méi no ze sinn! weider Infoen iwwer d’Fliichteschësser: http://www.dei-lampecher.lu (photo: Coryse Winandy) |
16/02/12
 | La demande pour le renouvellement de la "Night Card" est de nouveau possible à partir du lundi, 20 février 2012. flyer |
22/01/12
|   | Sonndes, den 22. Januar 2012 huet d’Kulturkommissioun vun der Gemeng, an Zesummenaarbecht mat der Reckenger Musek asbl, eng Auditioun vun de Schüler aus der UGDAs-Museksschoul vu Reckeng/Mess am Centre culturel zu Reckeng organiséiert. De Sall war voll besat an déi jonk Museksschüler konnten hiert Talent virun engem engagéierte Publikum ënner Beweis stellen. Matgemaach hunn d’Solfège-Klassen vun der Madame Anna ORIGER an dem Här Philippe PARTRIDGE (als Ersatz vun der Madame Alla TOLKACHEWA), d’Flütte-Klass vun der Madame Maria MITEVA, d’Trompetten- a Bügelklass vun der Madame Ramona SCHUH an d’Saxophonsklass vun der Madame Michelle VAN DIJK. Als Ofschloss huet och nach d’Reckenger Musek, ënnert der Direktioun vum Germain THOMAS, de jonke Musikante gewisen wéi ee säin Instrument dann am Ensemble an der Fanfare asetze kann. Entschëllegt waren d’Pianosklass vun der Madame Iglika MARINOVA, d’Perkussiounsklass vum Här Martin SCHOMMER an d’Initiation à la Musique vun der Madame Jessica APPELBAUM. Bei dëser Geleeënheet goufen awer och d’Diplomer vum Schouljoer 2010-2011 vum Buergermeeschter Carlo MULLER an dem Vize-Präsident vun der UGDA Jeannot CLEMENT un d’Schüler iwwerreecht. Et waren insgesamt 56 Diplomer ze verdeelen. Dat Joer virdrun waren et der iwwregens 58 Diplomer." weider Infoen iwwer d’Reckenger Musek: http://www.reckenger-musek.eu lien vers les photos |
17/01/12
 | Appuyez sur ce lien pour accéder à la dernière édition du Gemengebuet |
26/12/11
 | D'Madame Wagner-Olinger vun Éileng op der Mess konnt dëser Deeg mat Stolz op hier 90 Joër zeréck blécken. Bei dëser Geleeënheet huet de Buergermeeschter Carlo Muller zesummen mat sengen zwéin Schëffen Lucien Franck a Christian Tolksdorf an am Krees vun der sympathescher Famill, der Jubilarin am Numm vun alle Bierger aus der Gemeng Reckeng op der Mess mat engem Blummenarrangement gratuléiert. (Foto: Wagner Fernand) |
22/12/11
 | Den Herr an d'Madame Well hunn dësen Donneschden den 22. Dezember "Gëllen Hochzäit" geféiert. Fir des Geleeënheet huet den Buergermeeschter Carlo Muller an d'Schäffen Lucien Franck an Christian Tolksdorf am Numm vun der Gemeng an der ganzer Awunnerschaft dëser sympathescher an och nach ëmmer frësch verléifter Koppel déi beschte Gléckwënsch iwwerbruecht. (Foto: Christian Tolksdorf) |
18/12/11
 | Desen Sonndën, 18. Dezember 2011 hat Kulturkommissioun op e Concert an der Reckenger Kierch mat der Chorale "Uelzecht" vun Esch invitéiert ! Um Programm stoungen Wierker vum Karl Jenkins. D’Chorale « Uelzecht » gouf begleed vum « Ensemble vocal vum Escher Conservatoire » (Direktioun : Arthur Stammet), vum « Ensemble INECC (Institut européen de chant choral Luxembourg) » (Direktioun : Stéphanie Ortega) a vum « Orchestre Estro Armonico » (Direktioun : Guy Goethals). D’Generaldirektioun louch an den Hänn vum Jeff Speres a Soliste waren d’Danièle Patz (Soprano) an de Patrick Haas (Trompett). Et woren eng 100 Leit an der Reckenger Kierch fir dëse wonnerbare Concert matzeerliewen. |
30/11/11
 | Le Service Technique de la commune de Reckange-sur-Mess vous informe que la firme EFG, groupe ELCO vient d'être chargée pour procéder au remplacement de tous les compteurs d'eau de la localité de Limpach. Les nouveaux compteurs seront equipés d'un module de télélecture. Appuyez ici pour plus d'informations |
27/11/11
|  | De Comité à la Culture haat op e Concert spirituel vum Ensemble vocal « Les amis du Chant Luxembourg » zesumme mat der « Musik Gemeng Ell » zu Reckeng/Mess an der Kierch ageluden. Um Programm stunge Wierker vu Mussorgsky, Sparke, Rutter, Scarletti, Bach, Bruckner, Stanford, Bauernfeind, Desenclos, Busto, Van der Roost a Mozart. Eng 85 Leit woren an der Kierch fir e flotte Concert matzeerliewen. |
18/11/11
 | Date: 18 novembre 2011 Lieu : Mess Café - 56, rue Jean-Pierre Higler - L- 4980 Reckange sur Mess Organisateur : Bureau d'information du Parlement européen au Luxembourg Dans le cadre de sa série "l'Europe au comptoir", le bureau d'information du Parlement européen au Luxembourg invite l'eurodéputée Astrid Lulling (PPE) à venir discuter de l'avenir du Luxembourg en Europe le vendredi 18 novembre 2011, à partir de 17 heures, au Mess café à Reckange-sur-Mess. |
plus d'info (lien externe)
17/11/11
%20.jpg?FileID=photos%2fserment_cc_2011_(3)%2520.jpg) | Prestation de serment du nouveau conseil communal |
15/11/11
 | Den Herr an d'Madame Frana vun Pisseng hu “Gëllen Hochzäit” gefeiert. Dofir hunn en Dënschdeg den Owend den Buergermeeschter Carlo Müller an den Schäffen Christian Tolksdorf der sympatecher an nach emmer wéi fresch verléifter Koppel déi beschte Gléckwënsch vun der Gemeng an der ganzer Awunnerschaft iwwerbruecht. |
27/10/11
 | En date du jeudi, le 27 octobre 2011, le Ministre de l'Intérieur et à la Grande Région a procédé à l'assermentation du nouveau collège des bourgmestre et échevins de la commune de Reckange-sur-Mess, à savoir: Carlo Muller, nommé aux fonctions de bourgmestre; par arrêté grand-ducal du 24.10.2011 Lucien Franck, nommé aux fonctions d'échevin; par arrêté ministériel du 24.10.2011 Christian Tolksdorf, nommé aux fonctions d'échevin; par arrêté ministériel du 24.10.2011 L'assermentation des nouveaux conseillers communaux sera le 17 novembre. |
08/09/11
 | Organisation scolaire 2011/2012 Appuyez ce ce lien pour accéder à l'organisation scolaire pour l'année 2011/2012 |
|
|
Contact
Documents
Liens
CIGR Dippach-Reckange-Garnich
Den Hexemeeschter 83, rue Jean-Pierre Hilger L - 4980 Reckange-sur-Mess Tél: 26 37 05 76 Fax: 26 37 06 82 Mail: direga@cig.lu
Guichet unique
Le guide administratif de l'Etat luxembourgeois
Mobiliteit
Night Rider
SIDOR
SIDOR route de Bettembourg L-3346 Leudelange B.P. 9 L-3205 Leudelange Tel : 37 81 04-1 Fax : 37 81 08 Email : info@sidor.lu
SIVEC
| Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique | Oeko-Zenter L- 3841 Schifflange B.P. 49 L- 3801 Schifflange Tel.: 54 80 71-1 Fax.: 54 55 19
sms2citizen
Restez informés! les dernières informations sur votre GSM!
|