Accueil path_arrow path_arrow Auditioun vun de Museksschüler aus der UGDA-Museksschoul vu Reckeng op der Mess
 
Auditioun vun de Museksschüler aus der UGDA-Museksschoul vu Reckeng op der Mess

Sonndes, den 22. Januar 2012 huet d’Kulturkommissioun vun der Gemeng, an Zesummenaarbecht mat der Reckenger Musek asbl, eng Auditioun vun de Schüler aus der UGDAs-Museksschoul vu Reckeng/Mess am Centre culturel zu Reckeng organiséiert. De Sall war voll besat an déi jonk Museksschüler konnten hiert Talent virun engem engagéierte Publikum ënner Beweis stellen. Matgemaach hunn d’Solfège-Klassen vun der Madame Anna ORIGER an dem Här Philippe PARTRIDGE (als Ersatz vun der Madame Alla TOLKACHEWA), d’Flütte-Klass vun der Madame Maria MITEVA, d’Trompetten- a Bügelklass vun der Madame Ramona SCHUH an d’Saxophonsklass vun der Madame Michelle VAN DIJK. Als Ofschloss huet och nach d’Reckenger Musek, ënnert der Direktioun vum Germain THOMAS, de jonke Musikante gewisen wéi ee säin Instrument dann am Ensemble an der Fanfare asetze kann. Entschëllegt waren d’Pianosklass vun der Madame Iglika MARINOVA, d’Perkussiounsklass vum Här Martin SCHOMMER an d’Initiation à la Musique vun der Madame Jessica APPELBAUM.

Bei dëser Geleeënheet goufen awer och d’Diplomer vum Schouljoer 2010-2011 vum Buergermeeschter Carlo MULLER an dem Vize-Präsident vun der UGDA Jeannot CLEMENT un d’Schüler iwwerreecht. Et waren insgesamt 56 Diplomer ze verdeelen. Dat Joer virdrun waren et der iwwregens 58 Diplomer."

weider Infoen iwwer d’Reckenger Musek:
http://www.reckenger-musek.eu

 

Imprimer

Contact

Administration Communale de Reckange-sur-Mess

Administration Communale de Reckange-sur-Mess
83, rue Jean-Pierre Hilger
L-4980 Reckange-sur-Mess
Tél.37 00 24 - 1
Fax.37 92 20

Heures d'ouverture à partir
du
1er février 2012:

LU 8.30-11.30 et 14.00-17.00
MA 8.30-11.30 et 14.00-17.00
ME 8.30-11.30
JE 8.30-11.30 et 14.00-19.00
VE 8.30-11.30

PERMANENCE TECHNIQUE

Permanence technique (en dehors des heures d'ouverture):

621 370 024

Documents

Liens

CIGR Dippach-Reckange-Garnich

Den Hexemeeschter

83, rue Jean-Pierre Hilger
L - 4980 Reckange-sur-Mess

Tél: 26 37 05 76
Fax: 26 37 06 82
Mail: direga@cig.lu

Guichet unique
Le guide administratif de l'Etat
luxembourgeois
Mobiliteit Night Rider SIDOR

SIDOR
route de Bettembourg
L-3346 Leudelange

B.P. 9
L-3205 Leudelange
Tel : 37 81 04-1
Fax : 37 81 08

Email : info@sidor.lu

SIVEC

  Syndicat Intercommunal
à Vocation Ecologique

Oeko-Zenter
L- 3841 Schifflange
B.P. 49   L- 3801 Schifflange
Tel.: 54 80 71-1 
Fax.: 54 55 19

sms2citizen

Restez informés!
les dernières informations
sur votre GSM!

© Administration Communale de Reckange