Agenda de Reckange-sur-Mess

déc. 12-12 2019 Visite

Ausfluch op de Chrëschtmaart zu Metz

D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum drëtten Alter an der
ageschränkter Mobilitéit invitéiert op de

Chrëschtmaart zu Metz

Donneschdes, den 12. Dezember 2019

13h00:    Départ mam Bus
19h00:    Arrivée an der Gemeng

Dësen Ausfluch as gratis. Mellt Iech w.e.g. bis de 6. Dezember 2019 op der Gemeng um Telefon 37 00 24 – 22 un an deelt eis mat, wou Dir de Bus wëllt huelen: 13h00 Riedgen, 13h05 Reckeng (Kierch), 13h10 Lampech (Kierch), 13h15 Piisseng, (Wäschbuer), 13h20 Eileng (Bur), 13h25 Wickreng.