Accueil path_arrow path_arrow
 
Sentier Mess

Inauguratioun vum Mess-sentier zu Reckéng op der Mess, den 07.07.2011

E projet deen vun der Emweltkommissioun zesummen mam Gemengen-a Schefferot vun der Reckénger Gemeng  virun e puer Joer lancéiert ginn ass.

Et geet eng Kéier em Treppelweeer- a chemin mixte wou och Weloen können fueren déi eis Uertschaften mateneen verbannen ouni mussen iwert déi geféierlech National 13 ze goen oder ze fueren. An op der ânerer Sait och Treppelweeer z’aménagéieren datt een eis schéin Natur, Bescher a Géigend kann genéissen, an dat mer neess en offiziellen Auto-pedestre können réaménagéieren.

Et kann een wann die ganz Weeer ferdeg sinn, vun 3 verschidden Plâzen fortgoen : um Parking vum Mess-café, zu Ehléng beim Buer an op der Kopp teschent Reckéng an Riedgen beim klengen Parking, an et huet een d’Méiglechkeet méi grouss oder méi kléng Weeer ze goen, wou een dann och lanscht Weieren, Bongerten, Biotopen, geet oder op der héichsten Plâtz an der Gemeng eng super Vue huet.

Dat ganzt am Kader vun der Mobilité douce, vun der Gesondheet,  der Secherheet an der Liewensqualitéit fir eis Kanner a Matbierger, an awer och fir datt an Zukunft och villaicht verschidden Kanner nees ouni Gefôr können zu Fouss oder mam Welo an d’Schoul goen oder fueren, wou do natiirlech och d’Weeer mueres an Owes beliicht musse sinn esou wéi mer dât vun deenen verschidden Servicer virgeschriwen kritt hunn.  Mir gesinn elo schons wivill Kanner, Sportler an Awunner des Weeer benotzen wât eis motivéiert an och Recht gët dat mer an deser Richtung sollen weider schaffen. 

E puer Informatiounen iwert d’Mess:
D’Mess entspréngt uewerhalb vun Schuller beim Schullerbësch 352m iwer dem Meeresspigel. Sie fléisst dann iwer Spréngkéng, Betten , Richtung Reckéng wou dann och d’Eschbaach afléisst. Sie leeft dann weider Richtung Wickréng duerch Ehléng wou dann och d’Pissbaach an d’Klausbaach amünden. Dann verléist se eis Gemeng Richtung Monnerech wou se op der Héicht vun der Lameschmillen an d’Uelzecht leeft. +/- 12km ass se laang.
Eng Mess die eisen Numm vun der Gemeng indentifizéiert a wou nach verschidden âner Nimm drun erënneren wie z.b. e Verain deen BC Mess hécht, de Mess-café, an an der Zukunft zu Wickréng « Wunnen a schaffen am Mess-Dall.

Lucien Franck
Président de la commission écologique
Commune de Reckange/Mess

 
Roedgen - 148

Länge : 9,8 km

Schwierigkeitsgrad : mittelschwer

Ausgangspunkt: rue de Luxembourg (CR178) in Roedgen

Wegbeschreibung: Der Weg führt uns durch Felder und Wälder zunächst am Ort Schléiwenhaff vorbei. Von dort aus geht es durch den Laangebësch un den Berkebësch zum Bahnhof von Leudelange. Nun folgen wir der Bahnstrecke in Richtung Westen, steigen den Zingelsbierg hinauf und kehren nach Roedgen zurück.


source: Circuits Auto-pédestres, 2008, Editions Guy Binsfeld

Imprimer
Mobiliteit

Night Rider

© Administration Communale de Reckange