Actualité

Le Jour de l'arbre 2020

 



Quelques mots de Madame Esther Schortgen, Présidente de la Commission de l'Environnement de Reckange-sur-Mess:


léif Elteren,


Wenn alle Hoffnungen verlor’n
Mit Dir beginn ich ganz von vorn,
Und Unerreichbares erreichen, ja ich kann’s
Du bist das Apfelbäumchen* das ich pflanz’


Mat dësen Textzeile vum Reinhard Mey wëll ech mech an dësem ongewéinleche Joer un iech wenden.


2020 ass effektiv e Joer wou ee mat Momenter d‘Hoffnung verléiere kann, awer esou wéi et de Reinhard May beséngt sinn et eis Kanner déi eis ëmmer erëm op en Neits vu vir ufänke loossen. Wann e Kand an e Liewen trëtt, gehäit et op positiv Aart a Weis alles Bekanntes iwwert de Koup an esou kënne mir als Elteren all Dag Neies bäiléieren. E Kand verlaangt sengen Elteren eng ganz Rei vu Saachen of. A wann et nach esou vill schlau Bicher ginn, déi eis wëlle gleewe loossen dass wann een nëmmen déi richteg Schrëtt mécht, da leeft alles riicht, esou dierfe mir net vergiessen dass eis Kanner des Ratgeber net liesen. Si erliewen hir éischt Méint op dëser Welt gepräägt vu Besoinen déi eis zënter Ufank vun der Mënschheet begleeden. 


Mir kënnen eis als Elteren dogéint wieren a versichen, esou séier ewéi méiglech aus deem klenge Bëndel Mënsch en Erwuessenen ze maachen, deen an eise Rhythmus passt. Oder mir loossen eis op dee Bébé an an erfëlle ganz aartgerecht seng Besoinen. Dat kann op den éischte Bléck ganz schéin ustrengend wierke mee, léif Elteren, mir hu wierklech esou „Superkräfte“, déi eis Onerreechbares erreeche loossen. Loosst eis Vertraue faassen an zesumme mat eise Kanner an aller Zouversiicht an mat vill Freed no vir kucken. Vill flott Momenter zesumme mat eise Kanner waarden op eis, an ass et dach net dat schéinste Geschenk, si beim Wuesse begleeden ze kënnen? An esou si si eise ganz perséinleche klengen Äppelbeemchen*, dee mir planzen an deen eis mat herrleche Friichten erfreet. 


Ech wënschen iech, léif Elteren, zesumme mat äre Kanner, vill wonnerschéi Momenter op ärem gemeinsame Wee, dee gefëllt soll si vu Léift, Gesondheet an dem néidegen Humor wann emol net alles esou riicht leeft, wéi mir et gären hätten.