Actualité

De Reckenger Chrëschtmaart

​D’Gemeng Reckeng op der Mess invitéiert op de Reckenger Chrëschtmaart!

Samschdes, de 27. November 2021 ab 14.00 Auer

Lauschtert eran an déi 4. Episode vun eisem Podcast "Wellelängt" fir alles iwwert de Chrëschtmaart gewuer ze ginn:

Youtube: https://youtu.be/edF_t4-VZOY
Spotify: https://open.spotify.com/episode/3tqUrSeVdA5onV1Wbu8tRc?si=63882bcc52be4062


- Covid-Check-Event -

  • Wanterlech Stëmmung op der Reckenger Duerfplaz
  • Eis lokal Veräiner a Betriber suerge fir Iessen a Gedrénks (Gegrills, Glühwäin, Gin, Gyros, Raclette, Kniddelen, Waffelen a villes méi)
  • Cortège mam Kleeschen a senge Frënn um 15.00 Auer​
  • Traditionellen Handwierksbazar
Lama-Wanderunge fir Kleng a Grouss.

... an all Är Chrëschtdag-Hits an der Versioun vu Saxobeat & Tubaman!

Eise Programm speziell fir d'Kanner:
  • De Kleeschen a seng Frënn vun De Kleeschen am grousse Cortège um 15.00 Auer. 
  • Eng flott Päerdskutsch vun der Robbesscheier fir gemittlech Tier duerch de Reckenger Duerfkär (Foto). 
  • Lamawanderunge mam Christine Funk a lama.lu (Foto) 
  • Dëst Joer nei: E flotte Vintage-Karussell mat 20 Plazen (Foto) 
Dës Aktivitéite sinn all gratis a Jiddereen ass wëllkomm!

Ob Schocki, Kniddelen, Kichelcher, Paangecher oder Eisekuchen, déi beschte Schneekereie ginn et bei eis!

Sécherheetskonzept:
De Site ass fir maximal 600 Leit zougelooss. Falls des Zuel erreecht sollt ginn, behalen d’Veranstalter d’Recht den Accès op de Site ze reguléieren.

Fir Accès op de Site ze kréien, bräucht Dir:

Eng Impfbescheinegung (QR code vu myguichet.lu) 
  • Bei 2 Dosen, ab dem Dag vun der 2. Dosis.
  • Bei enger Dosis „Johnson & Johnson“ ab dem 14. Dag no der Impfung.
oder e Genesungszertifikat (QR code vu myguichet.lu)
  • Gülteg tëschent dem 11. an 180. Dag nom positive PCR-Test.
oder en negatiivt Covid-19-Testzertifikat (ab 12 Joer an 2 Méint)
  • De PCR-Test (LST, Labo) ass 72 Stonne gülteg.
  • Den zertifiéierten Antigen-Schnelltest (aus der Apdikt) ass 48 Stonne gülteg.
Profitéiert vun deenen 2 Entréeën op de Site an der Rue Jean-Pierre Hilger!

Kanner, déi méi jonk si wéi 12 Joer an 2 Méint brauche weder QR-Code nach zertifiéierten Test. (Carte d‘identité obligatoire)

Well dës Manifestatioun am Fräie stattfënnt, mussen ënnert dëse Sécherheetsmoossname keng Restriktiounen agehale ginn. D‘Mask ass net obligatoresch, mee dir kënnt se unhale wann dir wëllt. Fir den Accès op d’Toiletten am Pëtzenhaus ass d‘Mask obligatoresch.​


Dës Aktivitéite si speziell, mee net nëmmen, fir Kanner:


  • De Kleeschen a seng Frënn vun De Kleeschen am grousse Cortège um 15.00 Auer. 
  • Eng flott Päerdskutsch vun der Robbesscheier fir gemittlech Tier duerch de Reckenger Duerfkär (Foto). 
  • Lamawanderunge mam Christine Funk a lama.lu (Foto) 
  • Dëst Joer nei: E flotte Vintage-Karussell mat 20 Plazen (Foto)

Dës Aktivitéite sinn all gratis a Jiddereen ass wëllkomm! 

Ob Schocki, Kniddelen, Kichelcher, Paangecher oder Eisekuchen, déi beschte Schneekereie ginn et bei eis!

Eisen Handwierksbazar:

Aus sanitäre Grënn hu mir deen aus dem Pëtzenhaus erausgeholl an e baussen am Chrëschtmaart integréiert. Mir begréissen, ënnert anerem, natur&ëmwelt Leideleng-Reckeng an d'Eilenger Konschtwierk/ATP a.s.b.l., déi dëst Joer mat engem Stand vertruede sinn. Dofir denkt drun e puer Su an d'Täsch ze stiechen a loosst Iech am Virfeld vu Kleeserchersdag a Chrëschtdag inspiréieren ...
Vill Spaass beim Stöberen!​

Eise Menü:

​​