Agenda

Agenda

Date de création
-
Catégorie
Téléphone

D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht 
mat der KultuReck a.s.b.l. presentéiert d‘Concertsrei

Gigs@Terrassen​

4 Sonndeger hannereneen ab 15.00 Auer • Gratis Entrée

D'Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der KultuReck a.s.b.l. invitéiert iech op déi gratis Concertsrei
Gigs@Terrassen 

Sonndes, den 23. Mee 2021:
Krunnemécken @ Mess Café / Reckeng
(2 Sänger mat Akkordeonen, déi Lëtzebuerger Klassiker nei erfannen)

Sonndes, den 30. Mee 2021:
Saxobeat & Tubaman @ Pissenger Hütt / Piisseng
(Ee Saxofon, eng Tuba an eng Tromm, déi iech déi beschte Popsongs nei zerwéieren)

Sonndes, de 6. Juni 2021:
Petz & Lou @ Simon's Bistro / Éileng

(De feinste Country mat just enger akkustescher Gittar an enger Stëmm)

Sonndes, den 13. Juni 2021:
All Reitz Reserved @ An Haffen / Wickreng
(Eng elektresch Gei an déi beschte Beats)

*

Denkt drun ären Dësch bei ärem Wiert ze reservéieren:

Mess Café: 26 37 49 44
Pissenger Hütt: 26 37 07 94
Simon's Bistro: 26 37 07 93
An Haffen-Gastronomie: 28 99 00 09

D'Entrée ass gratis!

D'Covid-Restriktioune mussen agehale ginn. D'Artisten, d'Wierten an d'KultuReck a.s.b.l. sinn alleguer ofhängeg vun den aktuelle sanitären a meteorologesche Konditiounen.

Vill Spaass a passt op iech op!