Agenda

De Virowend vun Nationalfeierdag 2021

Date de création
-
-
Catégorie
Téléphone

​​D’Gemeng Reckeng op der Mess presentéiert:


De Virowend vun Nationalfeierdag 2021


Dënschdes, den 22. Juni 2021 beim Gemengenatelier

+++ COVID CHECK EVENT +++

Sécherheetskonzept:

De Site ass fir maximal 300 Leit zougelooss. Falls des Zuel erreecht sollt ginn, behalen d’Veranstalter d’Recht den Accès op de Site ze reguléieren. Fir eranzekomme biede mir iech ze beweisen, dass dir gesond sidd. Dir kënnt ären eegene Schnelltest matbréngen an dësen ënnert der Opsiicht vun eisem Gesondheetspersonal maachen. Fir laang Schlaange beim Antigen-Schnelltest am Agank ze vermeiden, biede mir iech awer, op eng vun dëse Méiglechkeeten zeréckzegräifen:

Impfbescheinegung (QR code vu myguichet.lu) 
- Bei 2 Dosen, ab dem Dag vun der 2. Dosis.
- Bei enger Dosis „Janssen“ ab dem 14. Dag no der Impfung.

Negativt Covid-19-Testzertifikat (ab 6 Joer)
- De PCR-Test (LST, Labo) ass 72 Stonne gülteg.
- Den zertifiéierten Antigen-Schnelltest (aus der Apdikt) 
ass 48 Stonne gülteg.

Genesungszertifikat 
(QR code vu myguichet.lu)
- Gülteg tëschent dem 11. an 180. Dag nom positive PCR-Test.

Kanner bis 5 Joer inklusiv kommen, a Begleedung vun engem Erwuessenen, ouni Gesondheetscheck eran.

Well dësen Owend am Fräie stattfënnt, mussen ënnert dëse Sécherheetsmoossname keng Restriktiounen agehale ginn. D‘Mask ass net obligatoresch, mee dir kënnt se unhale wann dir wëllt. (z.B. Accès op d’Toiletten am Atelier.)

Programm:

18.00 Auer:
Te Deum an der Kierch Néierleeë vun zwou Gerbë beim Monument aux Morts.

19.00 Auer:
Cortège bei de Gemengenatelier Eierepatt a Fête populaire mat de

Rambling Rovers (Irish Folk)
https://www.facebook.com/groups/536345399724693

D’Lampecher Fliichteschësser, d’Reckenger Musek, de Fiederball Reckeng, d’Macchina d’Epoca an de SPOLO vu Reckeng suerge fir Iessen a Gedrénks.​