Agenda

Halloweenlaf

Date de création
-
Catégorie
Téléphone
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun, presentéiert den

Halloweenlaf

den 23. Oktober 2021 bei der Sportshal zu Reckeng


Eenzellaf fir Kanner op engem méi klengen Tour!

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

Programm:

18.00 Auer: Kanner aus der Spillschoul bis 2. Schouljoer (10 Min.)
18.15 Auer: Kanner aus dem 3. bis 6. Schouljoer (20 Min.)
Ab 19.00 Auer lafen déi Grouss (90 Min.)

Participatioun:

OPGEPASST! Nëmmen Umeldung op der Plaz. Kanner lafe gratis 
15 Euro pro Equipe virum Départ op der Plaz. Nordic Walker si wëllkomm! Keng Reduktioun fir eenzel Leefer.
All Tuer zielt! Pro Ronn spent d‘Gemeng 1 Euro fir de gudden Zweck!

CHARITY-RUN
Et gëtt keng Zäit gemooss

Sécherheetskonzept:
De Site ass fir maximal 300 Leit zougelooss. Falls des Zuel erreecht sollt ginn, behalen d’Veranstalter d’Recht den Accès op de Site ze reguléieren. Dir kënnt ären eegene Schnelltest matbréngen an dësen ënnert der Opsiicht vun eisem Gesondheetspersonal maachen. Fir laang Schlaange beim Antigen-Schnelltest am Agank ze vermeiden, biede mir iech awer, op eng vun dëse Méiglechkeeten zeréckzegräifen:
Impfbescheinegung (QR code vu myguichet.lu) 

Bei 2 Dosen, ab dem Dag vun der 2. Dosis.

Bei enger Dosis „Janssen“ ab dem 14. Dag no der Impfung.

Negativt Covid-19-Testzertifikat (ab 6 Joer)

De PCR-Test (LST, Labo) ass 72 Stonne gülteg.

Den zertifiéierten Antigen-Schnelltest (aus der Apdikt) ass 48 Stonne gülteg. 

Genesungszertifikat (QR code vu myguichet.lu)

Gülteg tëschent dem 11. an 180. Dag nom positive PCR-Test.


Well dës Manifestatioun am Fräie stattfënnt, mussen ënnert dëse Sécherheetsmoossname keng Restriktiounen agehale ginn. D‘Mask ass net obligatoresch, mee dir kënnt se unhale wann dir wëllt. Fir den Accès op d’Toiletten an der Sportshal ass d'Mask obligatoresch.

All d'Kanner ab 6 Joer, déi beim Laf matmaachen, mussen och getest ginn. Mir bieden ab 17.00 Auer do ze sinn, sou dass d'Kanner de Startschoss net verpassen.​